Déieren, déi net méi an d'Pläng vun hire fréiere Besëtzer erapassen oder ganz einfach solle geschluecht ginn, fannen zu Launstroff en neit Doheem.

Wann een an der Stad schafft a sech dann hanner Schengen, zu Launstroff, e Bauerenhaff keeft, wou d'Scheier bal méi wichteg ass wéi d'Haus selwer, muss ee schonn e spezielle Grond hunn. Beim Valérie Tonon ass et d'Léift zu den Déieren. Wat als reng privat Initiativ ugefaangen huet, ass antëscht e Projet mat iwwer 25 Locatairë ginn.

Wéi den Jimminy e Samschdeg de Moien um 10 zu Launstroff aus dem Unhänger geklommen ass, war d'Valérie schonn e puer Stonnen op. Nix Week-End-Hobby! Dat hei ass en Job nieft deem, dee si Vollzäit mécht, op 60 Kilometer vun hei. Fir si wier dës Aarbecht puer Entspanung. Fir de Geessebock ass et op alle Fall eng Chance op e bessert Liewen.

An du koum d'Marie, Galloway, mam Meederchersnumm, a vu lo u wäit ewech vu Bolzen a Schluechtmesser. 3 Ieselen, 2 Päerd, 3 Kaalwer, 1 Kou... mam Geessebock si se zu 10. An da sinn déi 6 Hënn an 12 Kazen nach net mat agerechent.

Un d'Wuert « Gnodenhaff » denkt een net, wann een hei ass. D'Déiere stinn also net einfach hei ze stoen. Se gi vum Val, déi nieft hirem Job an der Bank och nach Hondstrainerin ass, richteg beschäftegt. De Lancelot, d'Fée an de Géronimo schaffen zum Beispill fir de Kleeschen an d'Lisa schafft fir d'Val - oder besser gesot: Hëlleft nieft der Schoul. De schicke schwaarzen Här, den Trotteur Cinzano, ass mat bal 18 Joer aus der Normandie an de Grand-Est koum... a wäert mat Sécherheet hei bleiwen!

Kontonummer vun Hope 4 Paws

LU 560141 3718 4501 0000
Hope 4 Paws
L-4382 Ehlerange