Zanter 23 Joer schafft d’Nicole Welter bei der nämmlechter renomméierter Autosmark.

Si ass zanter 10 Joer responsabel fir d’Vente, huet ëm déi 20 Leit ënnert sech schaffen a geet elo fir den 1. Juli an d’Pensioun. Wien ersetzt si elo am Garage, wéi schwéier ass den Challenge, deen elo op déi 2 Betraffen zoukënnt a wou kënnt d’Passioun zum Automobil hier?

Esou ewéi ville Leit geet et och dem Nicole elo kuerz virun der Pensioun. No 10 Joer Vente an no dem Confinement-Erliefnes, wou d’Nicole dacks doheem war, ass d’Zäit awer elo komm, fir sech zur Rou ze setzen.

Fir d’Nofollgerin Isabelle Blum heescht et elo, déi lescht Instruktioune mat op de Wee ze huelen, ëmmerhin ass et och fir si en Challenge an eng grouss Responsabilitéit.

D’Nicole kënnt souzesoen aus enger Auto-Famill, esou huet si d’Passioun zum Automobil schonn als Kand entdeckt an huet sech ëmmer méi am Detail interesséiert.

Elo geet mam Nicole eng Ära op en Enn. De Geroch an der Garage, wou un den Autoe geschafft gëtt, wäert dem Nicole awer net feelen, hire Mann huet 42 Joer fir eng aner Autosmark geschafft a schafft elo privat a sengem selwer gebaute grousse Garage u sengen Oldtimeren. An anere Wierder begleet dëse Geroch d’Nicole heem bis an d’Pensioun.