Vill Traditioune si corona-bedéngt an d'Waasser gefall. An awer hu sech vill Leit d'Freed um romanteschsten Dag vum Joer net huele gelooss.

Am Corona-Joer koum munches ze kuerz. Virop de spontanen, tëschemënschleche Kontakt an Zäite vu Lockdown a Social Distancing. Dat soziaalt Liewen huet missen op e Minimum erofgefuer ginn a Gesiichter goufen hannert Maske verstoppt.

Et war déi lescht Méint net einfach, d'Léift vum Liewen ze fannen. Och an deem Sënn ass e Sonndeg fir munch een e speziellen Dag.

An de Blummebutteker war dëse Weekend eng méi lass. Méi wéi an de Jore virdrun. Dat, well vill Leit dëst Joer fir Fuesent net an d'Ausland gefuer sinn. Virop ware Männer an de Geschäfter ënnerwee.

Wéi vill Rouse schenken: 1, 12 oder direkt 100?

Och dëst Joer blouf déi rout Rous, d'Red Eagle, am Trend. D'Symbol vun der Léift. Eng eleng steet iwwregens fir d'Léift op den éischte Bléck. Hannert 12 roude Rouse verstoppt sech eng Demande fir d'Bestietnis. 100 rout Rouse bleiwen de romantesche Geste par excellence.

Ee Geste, deen dëst Joer awer besonnesch op de Budget dréckt. Wéinst der Corona-Pandemie waren 2021 manner rout Rousen um Maacht, wat d'Präisser ëm bis zu 30% eropgedriwwen huet. Well d'Restauranten op Vältesdag zouhunn, gëtt dëst Joer Doheem gefeiert. Wat awer net heescht, datt verschidde Männer sech et net huele gelooss hunn, e gudde Maufel bei engem Restaurateur ze bestellen. Blummen an aner Kaddoen dierfen och net feelen. Originell ass éischter de Choix, vun der Offer vun eenzelen Hoteller ze profitéieren, an deenen en Zëmmer mat Iessen inklusiv gebucht gouf.

Vältesdag 2021: Ee Fest, wou de romanteschen Tête-à-tête kaum eng Gefor mat sech bréngt, d'Corona-Reegelen ze briechen. A wat dierf an dësen Zäiten owes net feelen? E gutt stéck Schockela! Mat Häerz! Zesumme schneeke mécht nämlech am meeschte Spaass!

© RTL