Déi traditionell Kavalkad huet missen ofgesot ginn. Dofir huet déi sougenannten "Keng-Kavalkad" an der Ieselsstad fir Stëmmung gesuergt.

Mëttes um 14.30 Auer zitt traditionell d'Dikrecher Kavalkad lass. Dëst Joer war dat net de Fall. Trotzdeem wollten d'Ieselen aus der Sauerstad Dikrech a.s.b.l net komplett op d'Fuesstëmmung verzichten an hu sech eppes afale gelooss.

Virun engem Joer huet et nach esou ausgesinn: Et gouf sech verkleet, gesongen a gedanzt. Fir Fuesgecken ass d'Dikrecher Kavalkad e Muss. D'Pandemie huet de Fuesboken dëst Joer awer e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. Guer net feiere kënnt awer net a Fro, dofir gouf et e Sonndeg eng Corona-konform Kavalkad.

Sandro Dimola: "Mir hunn jo dëst Joer eng Keng-Dikrecher-Kavalkad. Wei ee gesäit: Mir kënnen net Doheem sëtze bleiwen, mir sinn awer ënnerwee. Natierlech hu mir et net ugekënnegt, well mer keng Mënschenusammlung wëllen. Et sinn zwar manner Leit wei soss, mee mir fannen et awer flott, als Comité beieneen ze sinn a lo e klengen Tierche mat eisen Ieselen duerch Dikrech ze maachen."

Schonn am Viraus goufen d'Leit opgeruff, sech ze verkleeden a virun der Dier, um Balcon oder aus der Fënster eraus mat ze feieren. Awer och d'Leit, déi de Comité dobausse begéint hunn, krute kleng Gadgeten, dorënner e Buff an eng CD mat Fuesmusek, fir a Stëmmung ze kommen. An apropos Stëmmung: Déi gouf et an der Dikrecher Groussgaass och trotz Pandemie.

"Jo, et ass relativ flott ze gesinn. Also opgeruff hate mir se jo net, fir an d'Groussgaass ze kommen. Et sinn der lo awer hei e puer beieneen, mee wann ee sou kuckt: Se hale jo awer hir Distanzen an, se si wäit vuneneen ewech, jiddereen huet eng Mask op. Et mierkt een: D'Leit, déi brauchen et einfach, si musse einfach erëm raus ënnert d'Leit. Si mussen einfach erëm feieren, erëm danzen, erëm gecksen, erëm laachen. Et feelt de Leit einfach."

Natierlech kann een dëse Fuessonndeg net mat der traditioneller Kavalkad vun de leschte Jore vergläichen. Et géif een och hoffen, nächst Joer rëm grouss a faarweg Fuesent ze feieren. Awer war dës Keng-Kavalkad e grousse Succès an d'Pandemie konnt vu Grouss a Kleng fir e Moment vergiess ginn.

Fotoen aus de leschte Joren