Gefruedent Waasser steet es dëser Deeg vill an de Lëtzebuerger Wisen.

Ënnert anerem tëscht Steesel a Bäreldeng hunn d'Leit profitéiert, fir Äishockey ze spillen, Schlittschong ze fueren oder sech soss op der natierlecher Äispist z'ameséieren.

Mat deem Spaass riskéiert et awer déi nächst Deeg eriwwer ze sinn, well et gëtt nees méi waarm.