Et ass eng Nouvelle, déi virum allem um internationalen Dag vun der Léift fir vill Freed wäert suergen.

Den Archie gëtt e grousse Brudder! Wéi et vun engem Spriecher heescht, wieren d'Elteren iwwerglécklech iwwert d'Schwangerschaft.

Dëst si virun allem gutt Noriichten, well d'Duchess of Sussex am Juli zejoert eng Feelgebuert hat. An engem perséinlechen Artikel vun der "New York Times" hat si beschriwwen, wéi si ënnert dem Verloscht vun hirem Kand gelidden hätt. Gläichzäiteg hat d'Meghan dorobber verwisen, dass Feelgebuerten och hautdesdaags nach en Tabuthema an der Gesellschaft wieren a betraffe Leit dowéinst dacks géingen eleng gelooss gi mat hirer Trauer.

Hiren éischte Jong, den Archie Harrison Mountbatten-Windsor, ass de 6. Mee 2019 zu London op d'Welt komm.