Et ass eng batter Zäit fir d'Fuesgecken. Anescht wéi déi Jore virdru kann 2021 net richteg zesumme gefeiert ginn.

An awer sollt net komplett op déi flottsten Zäit am Joer verzicht ginn. Ënnert anerem zu Düsseldorf gouf fir Fuesstëmmung gesuergt.

Do sinn e Méindeg de Mëtteg wärend 2 Stonnen 8 Motto-Ween vum Kënschtler Jacques Tilly duerch d'Stad gerullt. Fir ze evitéieren, dass sech net ze vill Mënschen op engem Koup versammelen, waren d'Ween net an engem Konvoi, mee op 3 verschiddene Strecken ënnerwee.

Och a Corona-Zäite wollten d'Karnevalisten et sech net huele loossen, mat hire Ween kritesch op aktuell Themen ze reagéieren. Nieft der personifizéierter Pandemie goufen och d'Querdenker duergestallt.

D'r Zoch kütt!

Pénktlech op Fuesméindeg huet Köln d'Poppen danze gelooss. Corona-konform sinn eng Partie Ween duerch d'Stad gezunn. Allerdéngs am Miniaturfomat.

Ganzer 177 Poppe ware bei der Editioun 2021 dobäi, eleng 105 Stéck goufe speziell fir dësen Ulass hiergestallt. Kee Verglach zu de ronn 12.000 Mënschen, déi soss ëmmer drun deelgeholl hunn.

Fir Sécherheet gouf och gesuergt. Fir dass d'Poppen d'Kierch am Duerf loossen, ware Polizisten am Asaz, wann och nëmmen 2 Stéck. Zejoert waren et der nach ëm 2.000.

Och d'Streck, déi d'Ween zeréckleeën, ass däitlech méi kleng ausgefall am Pandemie-Joer 2021. Déi gewinnte 7,5 Kilometer goufen dës Kéier duerch 32 Meter ersat.