Am leschten Deel vun eiser Serie geet et ëm déi ganz kleng Kanner an dorëms, wéi ee si doheem beschäftege kann.

D'Famill Seyler huet eis dofir bei sech empfaangen. D'Fabienne Haan huet nämlech dräi kleng Meedercher, dat jéngst huet knapps 8 Wochen. Bei der Aktivitéit kann hatt also nach net matmaachen. Ma d'Léini, wat bal 2 Joer huet, an d'Charlie mat senge 5 Joer bastele mat hirer Mamm ee Bild mat Pinguinen – passend zur Wanter-Saison.

Hir Bastel-Iddie sicht d'Fabienne meeschtens um Internet, op Plattforme wéi YouTube, awer virun allem och op Pinterest. Wien d'Pinguinen also gär wëll nobastelen, ka sech an dësem Youtube-Video inspiréieren.

Weider flott Iddien (op Däitsch) fënnt een och hei:

www.geo.de

www.familie.de

www.blog.labbe.de

www.bastelnmitkids.de

Weider Episoden aus der Serie