Wie fir säi Kierper eppes Guddes maache wëll, a säin Immunsystem "booste" wëll, dee kann elo bei dëser Keelt "Äisbueden" maachen.

Viraussetzung ass awer, dass ee keng Häerz-Problemer huet. Zu Riol hanner Tréier huet een d'Méiglechkeet, virbereet a preparéiert dës Erausfuerderung ze probéieren.

Wien awer mengt, et géif ee sech ausdoen an direkt an d'äiskaalt Waasser sprangen, dee läit falsch. Dat Ganzt fänkt mat Theorie un, wou de Coach Michael Bamler erkläert, wat esou ee Schock am Kierper bewierkt a wéi wichteg d'Ootmung ass. No engem Otem-Schema ass dëst herno méi einfach.

No 45 Minutten Theorie geet et an déi 2. Phas an da stinn Otem-Übungen um Programm. Och hei nees 45 Minutte Virbereedung. Dofir ass de Jerry Fenno zoustänneg. Wie schonn eng Kéier an d'kaalt Waasser geklommen ass, weess, dass engem den Otem am Ufank ewechbleift. Hei ass elo Meditatioun ugesot,  fir dass een dëst herno kontrolléiert kritt .

No gutt zwou Stonnen Theorie an Otem-Praktik geet et Richtung Séi. Elo muss ee mental drop preparéiert sinn, ëmmerhin huet d'Waasser eng Temperatur vun 3 Grad , also ëm déi 34 Grad manner, ewéi engem seng Kierper Temperatur. De Kierper kënnt heimat direkt an eng Iwwerliewenssituatioun. Duerch d'Ootmung ass dëst awer ze meeschteren.

Wéinst der Keelt zéie sech d'Gefässer am Kierper zesummen an dono gi se nees auserneen, doduerch ass eng gutt Duerchbluddung garantéiert, et ginn Adrenalin, Endorphinen a Kortikoiden am Kierper ausgescheet. D'Monika Strowa konnt duerch dës reegelméisseg Erfarung  hir Medikamenter esouguer 30 % reduzéieren.

Eng Altersbegrenzung no uewen oder no ënne gëtt et net. Déi eng ginn éischter eraus, déi aner bäisse méi laang op Zänn. Méi wéi 10 Minutte soll een awer net dra bleiwen. Dono gëtt sech nach waarm gedanzt, eng waarm Dusch soll een net huelen an da gëtt et nach e Vitamin-Putsch.

Wat d'Risiken ugeet, heescht et, dass, wann ee sech net sécher ass, sollt ee sech mat sengem Dokter ofschwätzen. Grondsätzlech solle Leit mat gesondheetleche Problemer dëst net probéieren. Huet ee keng Häerz- oder Kreeslaf-Problemer, sollt een et och am beschten an der Ekipp maachen an, wéi an dësem Fall, mat Spezialisten zesummen.