Am Kader vun der der neier Beta-Versioun vun iOS 14.5 kann ee schonn e Bléck op déi nei Emojie kucken.

Niewent engem Häerz, dat brennt, an engem Gesiicht dat ausotemt, ginn et och geschlechtsneutral Emojien, also weiblech Gesiichter mat engem Baart.

Hei wäerten et dann och eng Rei Variante ginn, fir ëmmer méi der Geschlechtsneutralitéit Rechnung ze droen. Et wäerten also männlech a weiblech Emojie mat Baart ginn.

Da gouf och d'Sprëtz ugepasst, déi jo an der Impfzäit ëmmer méi genotzt gëtt. Hei gouf elo d'Blutt un der Spëtzt vun der Sprëtz ewechgeholl a mat enger klorer Flëssegkeet ersat, domat kéint dësen Emoji och méi villsäiteg agesat ginn.

Och d'Kopfhörer si liicht anescht a gläichen elo den AirPods Max.