A Pandemie-Zäiten huet de Kinepolis sech eppes Extraes afale gelooss.

Si ginn engem nämlech d'Méiglechkeet, e Kinossall fir maximal 10 Leit ze reservéieren. Et kann ee sech ee vun den disponibele Filmer eraussichen. De ganze Spaass kascht 199 Euro, egal ob een eleng oder zu 10 ass.