De Reality-Star an de Rapper Kanye West sinn zanter 7 Joer bestuet.

E Freideg den Owend hunn eng Partie US-Medien gemellt, datt d'Kim Kardashian (40) sech vum Museker Kanye West (43) wëllt scheede loossen. Der Tëleeschaîne Fox News no huet d'Affekotin vum Kardashian Laura Wasser d'Scheedungspabeiere bei den zoustännegen Autoritéiten agereecht.

Der "TMZ" no wëll de Reality-Star eng gemeinsam Garde fir déi véier Kanner vun der Koppel. De Rapper soll domadder averstane sinn.

Gerüchter iwwert eng Trennung vun der Koppel zirkuléieren zanter méi laangem. Déi lescht gemeinsam Foto hat d'Kardashian am November 2020 op Instagram gepost.