Villmools Merci fir déi enorm Participatioun an déi sëllege flott Biller!

Am Kontext vun der Emissioun "Nächst Statioun" realiséiert vun Zeilt Production, hate mir en Opruff gemaach, fir eis ee selwergemoolte Bild vum Klaus & Mish eranzeschécken.

Mir si begeeschtert iwwert déi Onmass vu flotte Biller, déi mir erakruten. Villmools Merci all eenzeler Persoun, déi beim Concours matgemaach huet.

Bis déi zwee Kuschelpartner bei Iech doheem ukommen, kënnt Dir hei an der Galerie all d'Biller nach emol kucken.

Am Fall wou Dir Är Foto net fannt, adresséiert Iech wannechgelift bei molconcours@rtl.lu.