No 16 Joer Eldoradio zitt den Andy Pawlikowski e Schlussstréch ënnert seng Karriär.

E Mënsch, dee gewinnt war fréi opzestoen, ma en Dënschdeg de Moie fréi war et seng lescht "Morning Show", respektiv seng lescht Wierder, déi en als Animateur um Radio geschwat huet. Den Andy huet aner Pläng, geheim si se net. Hie wëll sech endlech en Dram erfëllen, deen e schonn laang am Kapp hat an dat scho virun senger Radio-Karriär. Den Andy wëll bei d'Bunn an deemnächst Zich uechtert d'Land steieren. E grousse Changement, wou hien awer dozou seet, elo oder ni.

De Charel Dormans gëtt säin Nofollger, och fir hien eng gréisser Erausfuerderung an awer hëlt hien d'Situatioun den Ament nach relax, ëmmerhin ass de Charel jo schonn eng Zäitchen Deel vun der Eldoradio-Ekipp. Zanter 6 Joer schafft hie scho mam Team, elo muss hien eben e bësse méi fréi opstoe wéi virdrun, wann hie moies mat der Morning Show ufänkt.

Dem Andy seng lescht Wierder, esou wéi säi lescht Lidd "Last Christmas"... an dëst 10 Méint viru Chrëschtdag. E flotten "Adieu", bei deem souguer verschidden Nolauschterer extra éischter opgestane sinn, fir dee Moment net ze verpassen.