Fuerscher vun der Universitéit Liverpool huelen un, dass et dacks en Zesummenhang tëscht engem héije Konsum vun Alkohol a verschiddene Beruffsgruppe gëtt.

De Wëssenschaftler no wier d'Warscheinlechkeet, (ze) vill Alkohol ze drénken, bei Leit am gréissten, déi am Handwierk oder an der Gastronomie täteg sinn. Méi kleng soll de Risiko deemno bei Dokteren a Proffe sinn. Am mannste probabel wier et bei Meteorologen, Physiker, Geologen a Geeschtlechen.

Dobäi gëtt et awer geschlechtsspezifesch Ënnerscheeder: Bei de Männer sollen et virun allem handwierklech Beruffer sinn, déi mat staarkem Alkoholkonsum a Verbindung bruecht ginn. Bei de Fraen dogéint sollen et gréisstendeels Managerinne sinn.

Als Motivatioun, dës Etüd duerchzeféieren, huet de Medezinner Andrew Thompson vun der Universitéit Liverpool erkläert, dass staarken Alkoholkonsum de Risk vu kierperlechen a mentale Schied erhéicht. Ma wann een awer bis weess, a wéi enge Beruffer am meeschten op Alkohol zeréckgegraff gëtt, kënnen d'Ressourcë fir Interventioune besser ausgeriicht ginn.

Et bleift allerdéngs onkloer, ob sech dës Resultater just op Britte bezéien, oder och op aner Länner kënnen iwwerdroe ginn. Donieft goufen d'Donnéeën aus de Joren 2006 bis 2010 ausgewäert. Et gouf sech domat net mat dem Drénkverhalen aus de leschte Joren auserneegesat. D'Resultater vun dëser Studie kënnen am Detail am "BMC Public Health" nogelies ginn.