Fir och Jonker méi fir Wäin ze begeeschteren, gouf sech a Frankräich eppes Neies afale gelooss: mat Cannabis aromatiséierte Wäin.

Deen alleréischte Cannabis-Wäin ass deemno um Maart, e Bordeaux. De "Burdi W" huet dee klasseschen Effekt vum Alkohol, ma dobäi kënnt nach, dass ee sech no der Consommatioun méi relax an entspaant fillt, sou de Produzent Raphaël De Pablo. Et wier een Apero-Wäin, dee mat der Traditioun vum Wäin soll briechen.

Den 28 Joe ale Produzent hat sech mat senger aussergewéinlecher Iddi un e Kolleeg aus senger Kandheet geriicht, deen antëscht als Önolog schafft. Zesummen hu si un der Kombi Wäin a CBD getüftelt, deen net offiziell als Wäin unerkannt ass, mä als "aromatiséiert Gedrénks op Wäin-Basis".

D'Hanfkäre kommen aus dem südëstlechen Departement vun der Gironde. Si ginn op enger Parzell vun 10 Hektar exploitéiert, per Hand recoltéiert a fir d'Weiderverschaffen an Däitschland transportéiert. A Frankräich ass dëst nämlech net erlaabt - ziichte jo, kommerzialiséieren net. D'Exploitatioun vun de Blieder a Bléien ass komplett verbueden. Ma d'Legislatioun ass am gaangen z'evaluéieren, sou de Raphaël De Pablo. Den Europäesche Geriichtshaff huet de Verbuet vum CBD a Frankräich d'lescht Joer am November als illegal deklaréiert. Säi Cannabis wier och reng therapeutesch, sou nach den De Pablo.

Ronn 10.500 Fläsche vum "Burdi W" goufe bis ewell produzéiert a gi fir 34,50 Euro d'Fläsch ugebueden. Eng 100 Clienten hunn deen neie Wäin och scho getest, deen den Ament just um Internet verkaf gëtt.

Wéi de "Burdi W" produzéiert gëtt bleift iwwregens e Geheimnis.