Et kënnt jo mol gär vir, dat ee säi Mask doheem vergësst. A Südafrika war dat enger Fra geschitt. Si gouf vum Sécherheetspersonal dorop ugeschwat.

Nodeems si drop opmierksam gemaach gouf, datt si ouni Mask de Buttek misst verloossen, wousst si sech ze hëllefen. Si huet kuerzerhand hir ënnescht  Box ausgedoen an déi iwwer Mond a Nues gezunn.

Mä net jiddereen war begeeschtert vun dëser Iddi. D'Fra huet misse op der Plaz d'Gebai verloossen. Ob si spéiderhi mat Mask zeréckkoum, ass net gewosst.