De 16. Februar koum den 99 Joer ale Mann vun der brittescher Queen Elizabeth II wéinst enger Infektioun an d'Spidol.

Elo, no 2 Wochen am King-Edward-VII.-Spidol, gouf hien an d'St.-Bartholomew's-Klinick transportéiert. Wéi et vum Buckingham Palace heescht, sollen d'Medezinner hien do weider behandelen an Tester duerchféiere wéinst sengen Häerzproblemer. Bis op d'mannst Enn der Woch muss de Prënz Philip hospitaliséiert bleiwen.

Am Joer 2017 hat hie sech gréisstendeels vum ëffentleche Liewen zeréckgezunn. Ëmmer nees war hien an de leschte Jore mat gesondheetleche Problemer geplot. 2018 krut hien e kënschtlecht Hëftgelenk agesat an huet e puer Mol wéinst Infektioune misse behandelt ginn. 2011 gouf hien um Häerz operéiert a krut e Stent agesat.