An engem Restaurant a China vun engem muskuléisen hallefplakege Mann zerwéiert ginn. Frae fannen dat sécher gutt, awer nach laang net all.

Déi eng fannen et obszön, anerer acceptabel, munch een och witzeg, mee "uewen ohne" vun engem Mann säin Iessen zerwéiert ze kréien, ass wuel net net jidderengem säi Goût. De Restaurant "Layan" zu Xi'an huet et op e Versuch ukomme gelooss, fir nees méi Succès bei de Clienten ze hunn. Do zerwéieren dann elo just nach Bodybuilder mat fräiem Uewerkierper déi bestallte Platen.

Et wonnert jo och net besonnesch, dass de Restaurant an der Lescht méi weiblech Clienten huet, déi och emol gär déi eng oder aner Foto mat esou engem Serveur maachen oder sech fir e "Mädelsowend" op en "Hot Pot" - eng Aart chinesesch Fondue - treffen.

D'Meenungen iwwer den neie Service ginn auserneen. Bei enger Ëmfro mat ronn 2.850 Participante vun der Shanghaier Zeitung "Xinwen Chenbo" koum eraus, dass bal d'Hallschent dee Service obszön fënnt. De Rescht fënnt et "neiaarteg" an "acceptabel" oder et war hinne ganz einfach egal. Verschidde Leit hunn drop higewisen, dass schéi Fraen och fir Produite Reklamm maachen an et géif och kee meckeren, wann ee Produzent fir Ënnerwäsch, hallefplakeg Leit weist. 

Um Enn kënnt et jo net just op den Aspekt un, mee ob de Service stëmmt. An op d'mannst do huet sech nach kee beschwéiert.