En Donneschdeg en Owend konnte Fashion-Frënn a gesponserte luxuriéisen Elektroautoen a mat Schampesglieser am Grapp de Modelen nokucken.

Presentéiert gouf déi nei Kollektioun, ganz nom Motto: "D'Nuecht, déi eis feelt". Wéinst der aktueller sanitärer Lag si keng Spectateuren op der Plaz erlaabt, dofir huet en neit Konzept missen hier. Déi meeschte Marke gräifen op en Online-Defilé am Internet zeréck. Coperni allerdéngs huet mat enger kreativer Iddi wëllen aus der Masse erausstiechen an eng Prêt-à-porter-Show tëscht Luxusautoen organiséiert.

No engem Joer Joggingsbox a Pyjamae wier et elo nees un der Zäit fir e bësse Glitzer a Freed, huet de Matbegrënner vu Coperni, de Sébastien Meyer, betount. Dowéinst goufen ënnert anerem Kleedungsstécker mat ville Pailletten, neonfaarweg Talleken, transparent Kleeder wéi och schëllerfräi Mäntel aus syntheteschem Pelz virgefouert.