E jonke Mann hat leschten Donneschdeg net schlecht gestaunt, wéi eng onbekannte Fra et sech a sengem Bett gemittlech gemaach hat.

Nodeems hien der Damm d'Dier opgemaach hat, ass si ouni gréisser Begréissung einfach esou an d'Haus eragaangen an ass direkt a Richtung Schlofzëmmer gestiermt. De jonke Mann hat e puer Mol versicht, den onerwaarte Gaascht nees aus sengem Bett erauszekréien, awer ouni Erfolleg. D'Fra, déi ze déif an d'Glas gekuckt hat, wollt net goen. Wéi d'Police schreift, hätt si d'Orientéierung verluer gehat.

Fir déi eege 4 Wänn nees fir sech eleng ze hunn, huet de Mann dunn d'Police geruff.