Et ass eng Geschicht, déi een u Filmklassiker wéi "Parasite" oder "Narnia" erënnert.

Well et dem Samantha Hartsoe an hirem Doheem ëmmer kal war an et trotz Heizung net waarm gouf, ass d'New Yorkerin op d'Sich no der Ursaach gaangen. Am Buedzëmmer ass hir dunn e Loftzoch opgefall, deen aus der Richtung vun hirem Spigel koum.

An engem Video huet si hir Entdeckung festgehalen. Eng Entdeckung, mat där si net gerechent hätt. Hannert dem Spigel war nämlech e grousst Lach ze gesinn. Ganz couragéis ass si mat Täscheluucht an Hummer doduerch geklommen an ass op eng mysteriéis Wunneng gestouss. Direkt e puer Raim grenzen un hiert Appartement, vollgepak mat Poubellestuten. Donieft huet si nach en zesummegerullten Teppech, e Kartong, wéi och eng Trap fonnt, déi op eng aner Etage féiert.

@samanthartsoe

crawled through a wall for this mystery so enjoy the finale 🕵🏻‍♀️ ##mystery ##nyc ##apartment ##secret ##storytime ##storytime ##fyp ##foryou

♬ Mysterious - Andreas Scherren

Wéi si heel an hiren eegene 4 Wänn ukoum, huet si de Spigel nees séier un d'Mauer gehaangen a mam Thema ofgeschloss. Ob dëst duergeet, fir Albdreem iwwert déi onheemlech Decouverte ze verhënneren? Dat wäert sech erausstellen...