D'Sarah Obama ass am Alter vun 99 Joer an engem Spidol zu Kisumu, am Weste vu Kenia verscheet.

Wéi et vum Spriecher vun der Famill heescht, géing hiren Doud net am Zesummenhang mat enger Covid-19-Infektioun stoen. 1 Woch virun hirem Doud gouf si krank; hire Gesondheetszoustand huet sech dunn ëmmer méi verschlechtert.

Och wann d'Sarah net déi biologesch Groussmamm vum Ex-President war, huet hie si ëmmer als seng richteg Bom ugesinn. Hire Mann, den Hussein Onyango Obama, ass an de 70er Jore gestuerwen.