Wéi eng berüümte Männer goufen trotz Hoerausfall oder Glatz als "sexy" bezeechent? Där Fro ass eng Etüd nogaangen.

Wéi eng Partie brittesch Medie schreiwen, hätt de Schéinheetsoperatioun-Ubidder Longevita dës Studie an Optrag ginn. Dobäi gouf gekuckt, wéi dacks Promie mat wéineg oder guer kengen Hoer um Kapp mat Wierder wéi "sexy" oder "hot" a Verbindung bruecht goufen.

Spëtzereider an dësem Ranking ass de Prënz William. Ganzer 17,6 Millioune Mol gouf hien online als attraktiv beschriwwen. Op déi zweete Plaz huet et d'Box-Legend Mike Tyson gepackt an den Jason Statham aus "Fast & Furious" konnt sech déi 3. Plaz sécheren.

Ënnert de bekanntste Gesiichter waren och de Bruce Willis (Plaz 8), den Dwayne Johnson (Plaz 9) an de Vin Diesel (Plaz 10). De russesche President Vladimir Putin huet et zwar net an d'Top 10 gepackt, ma gouf awer ëmmerhin 2,2 Millioune Mol "sexy" genannt.