Eng limitéiert Serie vun Turnschlappe mat satanesche Symboler - ë.a. ass an all Schong eng Bluttdrëps enthalen - huet an den USA e Skandal ausgeléist.

D'"Santan Shoes"goufe vun MSCHF verkaaft, eng Firma, déi sech op Produite a limitéierter Editioun spezialiséiert huet, déi op engem bestëmmten Datum online ugebuede ginn.

D'Turnschong sinn an Zesummenaarbecht mam amerikanesche Rapper Lil Nas X, dee mam Hit "Old Town Road" bekannt ginn ass, entwéckelt ginn. Dem Modell Air Max 97-Sneaker vun Nike goufe markant Zeechen bäigefüügt, déi un den Däiwel erënneren, dorënner e Pentagramm, e Bibelvers, dee sech op dem Satan säin Ënnergang bezitt, an eng Drëps mënschlecht Blutt, dat an d'Suel gesprëtzt gouf.

666 Puer Turnschlappen - eng weider Zuel, déi mam Däiwel a Verbindung bruecht gëtt - sinn e Méindeg fir 1.018 Dollar (ronn 864 Euro) an de Verkaf gaangen a waren och séier ausverkaaft. Elo huet Nike déi kleng Firma verklot. Wéi et schéngt, hat ee keng Autorisatioun fir d'Satan-Sneakers ginn. Verlaangt gëtt, dass d'Ausliwwerung vun de Schong ausgesat gëtt. Och Schuedenersatz gëtt gefuerdert.

Och am Internet hu sech vill User opgereegt. De Lil Nas X iwwerdeems profitéiert vun der Opmierksamkeet. Hien huet e Clip op YouTube gepost, dee mat enger Entschëllegung ufänkt, dann awer op säin neie Video "Montero"  iwwergeet. An dësem féiert hien e lasziven Danz um Schouss vum Däiwel op.