D'Konzept vun der sougenannter „Ghost Kitchen“ gëtt et am Ausland, virun allem an Amerika an Asien, scho méi laang.

Jidderee kennt et. Et kënnt een no engem laangen Dag heem an et huet een alles, mee keng Loscht méi ze kachen. Wéi praktesch, wann een da ganz einfach a séier eppes per Internet oder Telefon ka bestellen. De Marché ronderëm d'Livraisounen an den Takeaway vun Iesse boomt, dat grad och wéinst der Coronakris. Wisou soll een, als Restaurateur, säi Business an Zukunft net ganz ouni Gäscht maachen?

D'Konzept vun der sougenannter „Ghost Kitchen“ gëtt et am Ausland, virun allem an Amerika an an Asien, scho méi laang. Et spuert ee Käschte bei Loyer a Personal, well ee manner Plaz brauch, wou d'Leit kënne sëtzen, a fokusséiert sech komplett op d'Qualitéit vum Produit.

E Grupp vu fënnef Kolleegen huet am Neiduerf, déi éischt Ghost Kitchen aus dem Land opgemaach. Si konzentréiere sech op traditionell Pizzaen aus Neapel. Gutt also, wann een e Pizzaiolo ënnert senge Frënn huet. De Francesco huet dofir en extra Deeg entwéckelt, fir dass d’Pizza um Wee bis bei Iech heem frësch bleift. An och extra Pizzakëschte goufe bestallt, fir dass d’Pizza och nach waarm bei Iech ukënnt.