E bësse méi eng Grouss gestëbst haten zwee US-Youtube-Staren, woufir si elo viru Geriicht gelant sinn. D'Police hat dat Ganzt guer net witzeg fonnt.

D'Zwillingsbridder Alan an Alex Stokes hu sech e Mëttwoch um Geriicht a Kalifornien schëlleg bekannt. Si haten e Bankiwwerfall virgetäuscht, fir dovun e Video op hirem Youtube-Channel ze verëffentlechen. De Virfall hat zu engem Policeasaz gefouert, an en onbedeelegten Uber-Chauffer war kuerzzäiteg festgeholl ginn.

Déi zwee jonk Youtuber, déi engem Milliounepublikum bekannt sinn, hate sech am Oktober 2019 als Bankraiber verkleet an en Auto beim Déngschtleeschter Uber bestallt. Iwwerdeems hu si sech vu Mataarbechter filme gelooss. Den Uber-Chauffer war net an d'Spiicht ageweit an huet sech geweigert, déi zwee Bridder matzehuelen. En Zeien, dee gemengt hat, e versichte Kidnapping ze beobachten, huet d'Police geruff. D'Beamten hunn de Chauffer mat virgehalener Waff festgeholl.

Nodeems sech alles opgekläert hat, hunn d'Polizisten d'Youtuber verwarnt a goe gelooss. Ma e puer Stonnen drop hu si um Campus vun der University of California eng ganz änlech Aktioun duerchgezunn. An erëm koum et zu engem Policeasaz.

"Irresponsabel a récksiichtslos"

"Dës Strofdoten hätte liicht dozou féiere kënnen, dass eng Persoun eescht blesséiert gi wier oder souguer ëm d'Liewe komm wier", huet de Procureur Todd Spitzer erkläert. E Bankiwwerfall wier fir d'Police keng Routine. D'Beamten am Asaz géife "wuertwiertlech hiert Liewe riskéieren, fir Mënschen ze hëllefen, déi hirer Aschätzung no a Gefor sinn". Et wier "irresponsabel a récksiichtslos", dass d'Stokes-Bridder sech méi fir d'Klamme vun hire Fan-Zuelen am Internet interesséiert hätte wéi fir d'Sécherheet vun de Polizisten a vum "onschëllegen Uber-Chauffer".

Am Ufank waren déi 23 Joer al Zwillingen wéinst Fräiheetsraub ugeklot. Dat gëllt an den USA als Kapitalverbriechen a gëtt mat bis zu 5 Joer Prisong bestrooft. Nodeems d'Geriicht d'Uklo op eng Infraktioun erofgestuuft hat, hunn d'Bridder hir Schold zouginn. D'Geriicht huet eng Strof vun 1 Joer op Sursis geschwat. Doriwwer eraus mussen déi zwee 160 Stonne Sozialdéngscht leeschten a Schuedenersatz bezuelen.

D'Stokes-Zwillingen hunn op Youtube ronn 6,6 Millioune Fans, op der Plattform Tiktok hu si souguer 30 Millioune Follower. Meeschtens huele si fir hir Spiichten eege Frënn an d'Famill op d'Schëpp.