Den 1. Abrëll ass normalerweis den Optakt vun der Ouschterkiermes zu Esch a fir vill Forainen och den éischte Rendez-vous no enger laanger Wanterpaus.

D'Kiermes ass dëst Joer awer ofgesot a fir d'Forainen heescht dat kreativ bleiwen. Ginn et Alternativen oder bleiwen d'Karusseller am Stëllstand? 

Tëscht Schantercher an Eefamilljenhaiser huet de Jérôme Zellweger seng eege kleng Kiermes bei sech doheem opgeriicht. Zesumme mat der Gemeng huet hien e Konzept ausgeschafft. D'Kiermesse sinn ënnert der normaler Form net méiglech, dofir huet hie scho fréi ëmdisponéiert. Wärend dem éischte Confinement huet de Forain vill am Gaart geschafft an ass spadséiere gaangen. De Kontakt mat de Leit an d'Atmosphär vun enger Kiermes huet hien awer séier vermësst. Dofir koum d'Iddi Saachen esou unzebidden, dass d'Leit se just siche kommen. Iesssaachen am Takeaway, fir dee Wee hu sech vill Forainen entscheet, iwwerall uechtert Land fënnt een esou Stänn.

Soss ass hie mat senge Bude gereest a bei d'Leit gefuer. Elo mussen d'Leit scho bei hie kommen. An do géif hien eng grouss Solidaritéit spieren. Vill Leit kommen deelweis vu wäit hier, si kennen hie vun de Kiermessen a géifen hie gären ënnerstëtzen.

Selwer gemaache Speck, gebrannten Nëss an aner Schneeckegkeete spillen do wuel och eng Roll.

Fir déi Leit, déi keng Iesssaachen ubidden, gesäit et anescht aus. D'Jessica Bourgeois-Scheer huet sech 2017 selbststänneg mat engem Karussell gemaach. Si wollt extra eppes fir déi ganz Kleng ubidden. Elo steet hiert Spillgeschäft zanter dem Hierscht an enger Scheier. Bis elo ass nach net gewosst, wéini een et nees ka raushuelen. D'Käschte lafen, wéi zum Beispill de Loyer, fir alles ze stockéieren. Dobäi kommen Investissementer virun der Kris. Si gëtt dobäi awer ënnerstëtzt vun hirem Mann, dee schafft nach Vollzäit an engem anere Beruff. Trotzdeem huet hien d'Passioun Forain och gepaakt. Reegelméisseg hëlleft hien dofir dem Jérôme Zellweger op sengem Stand, op fräiwëlleger Basis. Déi zwee hu sech wéi soll et anescht sinn op der Kiermes kenne geléiert.

Säi ganzt Liewe laang ass de Jérôme Zellweger scho Forain, hien huet keen anert Akommes. Säi Geschäft huet hie vu sengen Elteren iwwerholl. Iwwert e puer Generatioune geet dat weider, hie war schonn als Puppelchen op de Kiermessen ënnerwee.  Forainen, déi aus sou engem Traditiounsbetrib kommen a schonn hiert Liewe laang am Beruff geschafft hunn, ginn et der just nach eng Handvoll. Dofir iwwerhuelen awer och ëmmer nees Leit, déi eigentlech aus anere Secteure kommen, Geschäfter.

De Jérôme Zellweger huet fir sech elo entscheet säi Stand zu Bartreng ze loossen, ëmmer mat passender Dekoratioun . Ausser et géif awer eng richteg Fouer ginn, déi géif hie sech dann och net huele loossen.