Traditionell schéckt een d'Leit um Ufank vum 4. Mount vum Joer an den Abrëll. Dat hate mir dëst Joer och probéiert.

Dobäi hate mer eng gréisser Geschicht vun de Kolleege vu 5Minutes opgegraff, déi eis geschichtlech kulinaresch op de falsche Wee gefouert haten. De Gastro-Historiker Krompir Pržena, iwwersat op Franséisch "Pommes Frites", gëtt et net an hien huet och net an der Nationalbibliothéik vu Bosnien-Herzegowina Bréiwer fonnt, déi beweisen, datt d'Fritten eben zu Lëtzebuerg erfonnt goufen.

Vill aner Saachen awer, déi eis Kolleege iwwert d'Geschicht vun der Fritt geschriwwen hunn, sinn historesch aktuell esou akkurat. Déi ganz Geschicht fannt Dir bei hinnen um Site.

P.S. Datt et den LOD elo och op Klingonesch gouf, war natierlech och en Abrëllsgeck. Dëse gouf awer net vun RTL, mä vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch lancéiert.