D'Fra vum US-President Joe Biden hëlt d'Leit den 1. Abrëll gären emol op d'Schëpp.

Dëst Joer hat si sech eppes ganz Besonnesches afale gelooss. Schwaarz Paréck, Boxekostüm, donkel Mask an e Schëld mam Numm "Jasmine" drop: Als Stewardess verkleet, huet d'Jill Biden d'Passagéier wärend engem Fluch vu Kalifornien op Washington zerwéiert. D'Verkleedung war esou gelongen, dass et mol net de Journalisten oder Mataarbechter opgefall ass, dass d'First Lady héchstperséinlech Glacen un d'Leit verdeelt huet. Esouguer dem Secret Service ass dëst entgaangen. Eréischt, wéi si ugefaangen hat mat laachen, ass hir Tarnung opgeflunn.

Dëst war net hir éischt Spiicht um éischten Abrëll. Wärend dem Barack Obama senger Amtszäit ass si zum Beispill an engem Fliger an e Gefaach iwwert de Sëtzer geklommen an huet sech dodra verstoppt. E Passagéier hat net schlecht gestaunt, wéi hien d'Gefaach opgemaach hat an amplaz Wallissen op eemol d'Fra vum deemolege Vizepresident dra fonnt hat. De Mann war esou erschreckt, dass hien haart gejaut hat an no hannen an de Sëtz gefall ass.