Heiansdo kënnen Aktiounen, déi aus Roserei geschéien, och nach positiv Effeten hunn. De portugisesche Futtballer Cristiano Ronaldo ass e gutt Beispill.

Dem Star-Futtballer säi Kapitänsbändchen, dat hien nom WM-Qualifikatiounsmatch géint Serbien voller Roserei op de Buedem gehäit hat, ass elo versteet ginn. 64.000 Euro goufen op enger Websäit fir dat kléngt Stéck Stoff gebueden. D'Sue kommen der Behandlung vun engem 6 Méint ale Puppelchen aus Serbien zegutt, deen un enger seelener Krankheet leit.

De Ronaldo hat e Samschdeg mat senger rosener Aktioun no engem Goal, deen net ziele gelooss gouf, fir Opmierksamkeet gesuergt an dofir eng giel Kaart kritt. Den Djordje Vukicevic, e serbesche Pompjee, deen am Stadion vu Belgrad am Asaz war, hat d'Bändchen matgeholl an e regionale Sportsender kontaktéiert, fir vu senger Iddi ze zielen, dëst fir e gudden Zweck ze versteeën. De Pompjee hat och de Bëbee virgeschloen.

De Puppelche leit u Muskelschwund, enger seelener Krankheet, déi ouni kënschtlech Beootmung meeschtens am Alter vun 2 Joer zum Doud féiert. Déi 64.000 Euro decken awer just e Brochdeel vun de Behandlungskäschten of. De kompletten Traitement géif ronn 2 Milliounen Euro kaschten.