Mussen d'Amerikaner hir Fritten a Burger geschwënn ouni Ketchup iessen? Et kéint nawell enk gi mat der Reserv.

D'Produzente sollen nämlech den Ament Problemer hunn, genuch Ketchup an der Titchen ze produzéieren. Well massiv op Take-out zréckgegraff gëtt, ass d'Nofro immens geklommen.

D'Heinz-Grupp, där hiren ikonesche Ketchup déi Zort ass, déi am meeschte verkaf gëtt, huet dëse Phänomen observéiert. Zanter dem Ufank vun der Pandemie ass de Ketchup aus der Tut vill méi gefrot wéi deen aus der Fläsch, deen normalerweis an de Restauranten um Dësch steet. D'Clientë géife wéinst dem Virus zécken, fir d'Fläschen unzepaken, an d'Liwwerdéngschter géifen de Commandë Ketchup aus der Titche bäileeën.

De Ketchup-Ris huet seng Produktioun zwar adaptéiert, ma nawell wier d'Nofro méi grouss wéi d'Offer. Nei Produktlinne koumen dobäi, fir d'Produktioun ëm 25% ze steigeren. 12 Milliarden där Titercher sollen esou pro Joer hiergestallt kënne ginn. Och eng nei Fläsch gouf entwéckelt, mat där ee sech ouni Kontakt zerwéiere kéint.

D'Präisser sinn iwwerdeems zanter Januar 2020 ëm 13% geklommen.

An der Tëschenzäit mussen d'Restaurateure kucken, dass se eens ginn an eventuell op eng aner Ketchup-Mark zréckgräifen, wat anscheinend bei de Clienten awer net sou gutt ukënnt. Déi wëllen nämlech onbedéngt de gewinnte Produit vun Heinz.