Kuerz virun der Kollisioun mat engem Bam war de Golf-Profi mat 140 Kilometer an der Stonn ënnerwee, also däitlech méi séier wéi erlaabt.

Dat huet den zoustännege Sheriff Alex Villanueva e Mëttwoch matgedeelt. Lescht Woch goufen d'Ermëttlunge vun der Police am Fall Woods ofgeschloss.

An enger Stellungnam huet hie sech dankbar géintiwwer "alle gudde Samariter" gewisen, déi him deemools gehollef hätten, a gesot, dass hie sech elo op seng Gesondheet a Famill konzentréiere géing.

Den 23. Februar gouf de Major-Gewënner uerg um Bee blesséiert. Hie war zum Zäitpunkt vum Accident eleng am Auto, wéi säi Gefier vun der Strooss geroden ass an hien e Bam ze pake krut. Duerno hat sech den Auto e puer Mol iwwerschloen.