
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/File/POOL
Mat hiren 23 Joer huet sech d'Amanda Gorman scho weltwäit en Numm gemaach, wéi si wärend dem Joe Biden senger Amtsaféierung opgetrueden ass.
E puer Méint méi spéit ass si op der Cover-Säit vum berüümte Magazin "Vogue" ze gesinn. Eng Première, well et virun hir nach keng Dichterin op d'Titelsäit gepackt hat.
Eng grouss Éier fir d'US-Amerikanerin. Op Instagram huet si hir Dankbarkeet ausgedréckt a gesot, dass si mat Sécherheet net déi leschten Dichterin wäert sinn, well Schéinheet a Poesie wieren enk matenee verbonnen.
2017 gouf d'Afroamerikanerin mam "National Youth Poet Laureate" ausgezeechent.
Am meeschte gelies