U sech sollt d'Zeremonie fir d'Pushpika de Silva ee vun de schéinsten Deeg an hirem Liewe ginn...

Leschte Weekend gouf déi nei "Mrs Sri Lanka" gekréint. Mat der Wiel vun der Gewënnerin war allerdéngs net jiddereen averstanen. Déi amtéierend "Mrs World" Caroline Jurie war nämlech der Meenung, dass d'Pushpika de Silva d'Kroun net verdéngt hätt an huet hir se kuerzerhand vum Kapp geholl an der Zweetplacéierter opgesat. Dës ass an Tréinen ausgebrach an huet dem Public Merci gesot.

Den Titel "Mrs Sri Lanka" ass nämlech just fir Participantë geduecht, déi bestuet sinn. D'Gewënnerin vun dësem Joer ass zwar nach bestuet, ma lieft awer getrennt vun hirem Mann.

An engem Video, deen international fir Schlagzeile gesuergt huet, ass ze gesinn, wéi déi fréier Schéinheetskinnigin net grad zimperlech virgeet, wéi si der frësch gekréinter "Mrs Sri Lanka" d'Kroun ofdeet, déi sech an hiren Hoer verfaangen huet. Ouni eng Bemierkung ass d'Pushpika de Silva vun der Bün gaangen.

Déi gutt Nouvelle ass awer, dass d'Pushpika de Silva hir Kroun mëttlerweil zeréckkrut. D'"Mrs World" dogéint gouf festgeholl a kritt Kierperverletzung virgeworf. D'Caroline Jurie konnt sech virzejoert den Titel vun der "Mrs. Sri Lanka" sécheren a gëllt mëttlerweil als déi schéinste bestuete Fra vun der Welt.