Am Live! Planet People waren e Freideg de Cédric Kockelmann, de Samuel Eley an de Marc Schoentgen op Besuch.

De Cédric Kockelmann an de Samuel Eley sinn allebéid Wuert-Akrobaten. Si benotzen déi englesch Sprooch, fir sech ouni Musek auszedrécken an deelen dat mat hire Fans bei "Slam it out". Op Facebook an Instagram wëlle se jonk Leit animéieren an hinnen d'Méiglechkeet ginn, sech auszeprobéieren eleng mat der Sprooch an hirer Stëmm. Déi zwee Studenten hunn d'Plattform an der Pandemie an d'Liewe geruff a wëllen elo net just Clippe vu sech selwer posten, mä och anerer encouragéieren, et hinnen nozemaachen a selwer zum Poetry-Kënschtler ze ginn.

RTL

De Marc Schoentgen hält staark Momenter op Fotoe fest a publizéiert elo e Buch iwwer d'Biertrenger Schlass. No de Bicher "Schengen. Ein europäisches Winzerdorf", "Vun der Rief zum Wäin" an "Die Dynastie Luxemburg-Nassau 1890-2015", geet et elo ëm d'Geschicht a Geschichte vum Schlass Biertreng, dat 23 Joer eidel stoung a rezent de Proprietär gewiesselt huet. De fréiere President vum SI Schengen huet scho vill Initiative geholl a Saachen an d'Liewe geruff oder um Liewe gehale wéi d'Hunnefeier oder de Schenger Maart, an den 21. Mee fänkt d'Open-Air-Expo zum Thema "Schlass Biertreng" op dem "Kul-Tour" zu Schieren un.

RTL

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.