Wéi et schéngt, ass den 8. Abrëll e Glécksdag fir de franséischen Nationalspiller Antoine Griezmann.

Hien ass nämlech en Donneschdeg eng drëtte Kéier Papp ginn. Um 10.24 Auer den 8. Abrëll 2021 huet säi Bouf Alba d'Liicht vun der Welt erbléckst. Nieft ville Gléckwënsch zirkuléieren den Ament och eng Partie kuriéis Theorien iwwert dëse speziellen Dag an de sozialen Netzwierker. Den Alba ass nämlech bannent engem Zäitraum vu 5 Joer dat drëtte Kand vum Profi-Futtballer, dat den 8. Abrëll op d'Welt koum. Eng éischte Kéier goufen den Antoine Griezmann an d'Erika Choperena den 8. Abrëll 2016 Elteren. Mam Amaro gouf d'Famill den 8. Abrëll 2018 ëm eng weider Persoun vergréissert.

Pueren Zoufall? Wéi d'Noriichtenagence Reuters schreift, géing d'Warscheinlechkeet, dass dëst a Wierklechkeet virkënnt, bei 1:17,8 Millioune leien.

E Weltrekord hu si domat awer net opgestallt. Tëscht 1952 an 1966 sinn d'Cummins an den USA 5 Mol Eltere gi vu Kanner, déi alleguerten den 20. Februar op d'Welt komm sinn.

Nieft dem dräifache Gebuertsdag ass den 8. Abrëll och mat Bléck op dem Griezmann seng Karriär e ganz besonneschen Dag. Op den Dag genau huet hien 2010 säin éischte Profivertrag mat Real Sociedad San Sebastian ënnerschriwwen.