D'Bewunner vun engem ofgeleeënen Duerf am südpazifeschen Inselstaat Vanuatu traueren ëm de Prënz Philip, dee si zanter Joerzéngte veréieren.

De verstuerwene Mann vun der brittescher Kinnigin Elisabeth II hat d'Duerf Yakel deemools besicht. "De Geescht vum Prënz Philip huet säi Kierper verlooss, mä hie lieft weider", sot den Duerf-Chef Albi. "Et ass ze fréi, fir ze soen, wou hie sech néierloosse wäert."

De Prënz Philip, deen d'lescht Woch mat 99 Joer am Windsor Castle gestuerwen ass, gouf säit Joerzéngten op der Vanuatu-Insel Tanna mat reliéisem Äifer veréiert. Ënner britteschem Fändel, deen op Hallefmast stoung, huet den Albi sech e Méindeg mat den Duerfeelste vun enger Nopeschgemeng, an där de Prënz Philip och veréiert gouf, getraff.

Den Albi huet tréischtend Wierder fir d'Queen fonnt. Hire Mann wier zwar an d'Jenseits gaangen, seng Séil géif awer weiderliewen. De Chef vun Yakel huet och ugekënnegt, der kinneklecher Famill zu London wëllen e vertrauleche Message ze schécken.

D'Veréierung vum Prënz Philip op Vanuatu soll bis an d'1970er Joer zréckreechen. Deemools hat den Herzog vun Edinburgh d'Inselgrupp besicht. Brittesch Regierungsvertrieder sinn zur Conclusioun komm, dass de Grond fir d'Veréierung mat enger aler Legend ze dinn huet, an där e Fils mat heller Haut op d'Inselen zréckkéiert.

De Prënz Harry ass erëm a Groussbritannien

Iwwerdeems ass de Prënz Harry fir d'Begriefnis vu sengem Grousspapp nächste Samschdeg zréck a Groussbritannien. Seng schwanger Fra Meghan ass net matgereest. Den Dokter hätt hir vun der Rees aus Amerika, wou d'Famill lieft, ofgeroden, heescht et.

RTL

© POOL/AFP/File/Steve Parsons

An de brittesche Medie gëtt elo spekuléiert, ob d'Royals d'Geleeënheet notzen, fir sech no der turbulenter leschter Zäit vläicht erëm méi no ze kommen. D'Relatioun vum Prënz Harry a sengem Brudder Prënz William wéi och sengem Papp Prënz Charles huet jo gelidden, nodeems den Harry a seng Fra Virwërf an engem Interview mat der US-Talkshowlegend Oprah Winfrey geäussert haten.