Dass Maschinnen a modern Technik de Mënsch net iwwerall 1:1 ersetze kënnen, huet e Virfall aus der Musel-Géigend viru Kuerzem gewisen.

E Facebook-Algorithmus filtert reegelméisseg Wierder eraus a blockéiert Säiten oder Posts, an deenen obszön Begrëffer virkommen. Een dovun ass déi englesch Beleidegung "bitch".

Duerch eng Verwiesslung vun dësem Ausdrock an dem Uertschaftsnumm "Bitche" gouf déi offiziell Facebooksäit vun der franséischer Stad am Mäerz blockéiert. Wéi et vum Buergermeeschter Benoît Kieffer heescht, hätt d'Plattform si doriwwer informéiert, dass si anscheinend géint d'Facebook-Reegele verstouss hätten. Doropshin huet d'Gemeng den Internetris e puer Mol kontaktéiert an ënnerstrach, dass kee Verstouss begaange gouf, mä d'Stad tatsächlech esou heescht.

Fir den Iwwergang gouf en neie Kont ënnert dem Numm "Mairie 57230" gegrënnt, wat d'Postleitzuel vun der Gemeng ass, déi ronn 5.000 Awunner zielt.

3 Wochen, nodeems d'Säit "Ville de Bitche" gespaart gouf, huet Facebook France erkläert, dass et sech heibäi eng "inkorrekt Analys vun hire Systemer" gehandelt hätt.

Dëst ass net déi éischte Kéier, dass eng Facebook-Säit, déi a Relatioun mat der Muselstad steet, an d'Viséier vun der Plattform geroden ass. Virun e puer Joer ass hinnen de selwechte Feeler beim Golfclub an der Zitadell geschitt, erkläert d'Valérie Degouy, Responsabel an der Kommunikatioun vun der betraffener Stad.

De rezente Virfall géing weisen, dass déi technesch Outilen un hir Grenze kommen an net alles gesinn, wat e mënschlecht A gesäit, sou nach de Kieffer.