D'lescht Joer ass d'Jade Leboeuf op Lëtzebuerg geplënnert an hei mat bal 110.000 Follower eng vun de meescht abonéierte Persounen op Instagram.

D'Jade Leboeuf zielt zu Lëtzebuerg zu de wéinege Leit, déi vun hirem Akommes als Influencer liewe kënnen. Geplangt war dat am Fong net. Zanter hatt 17 Joer al war, huet d'Duechter vum franséischen Ex-Futtballprofi Frank Leboeuf an den USA als Model geschafft. Op Instagram huet hatt am Ufank just seng Modelfotoe gedeelt, wéi d'Zuel vu sengen Abonnenten awer ëmmer weider geklommen ass, huet d'Jade och ugefaangen, Ablécker a säin Alldag ze ginn. Zesumme mat sengem Mann, dem Stéphane Rodrigues, deen een aus der franséischer Emissioun Secret Story kennt, deele si haut bal alles, wat si erliewen.

E Gros vun de Sue verdéngt d'Jade duerch Kooperatioune mat verschiddene Marken. Doriwwer eraus kritt hatt och gratis Saachen, fir ze testen, zougeschéckt. Esou glamouréis wéi d'Liewen als Influencer no bausse wierkt ass et awer net ëmmer. Wat vill Leit net gesinn ass d'Ofhängegkeet, déi dësen Job mat sech bréngt.

Jade Leboeuf:

“On est dépendant d’une application qui change constamment et il y a de plus en plus de personnes qui font ce métier. Du coup on ne peut pas se permettre de disparaître ou de faire une pause. Par exemple on arrive difficilement à partir en vacances réelles où ce sont des vacances et on ne travaille pas. Où on fait une pause de nos mails, où on ne publie pas sur les réseaux. Ca je pense qu’on ne l’a jamais fait. Même quand j’ai accouché, j'ai disparu des réseaux que pendant 4 jours.”