Mat der Ouschtervakanz fänkt hei am Land och traditionell d'Touristesaison un. An dat geet och mat de sanitäre Mesuren.

Ee vun den Acteuren ass Visit Moselle. A mat enger geféierter Wanderung iwwer de Kanecher Wéngertsbierg gouf en Dënschdeg de Programm agelaut.

Den Ament sinn d’Gruppen op 10 Persoune limitéiert, ma d’Demande wier awer definitiv do. Vill Leit sichen den Austausch, fir och emol op aner Gedanken ze kommen, esou de Guide Marc Feidt.

Ee vun den Haaptcharakteristike vum Kanecher Wéngertsbierg sinn d‘Drëschemaueren. Eng Partie goufe rezent renovéiert. Wann d’Sonn schéngt, gëtt d’Hëtzt an de Steng gespäichert. An der Nuecht kann esou de Mikroklima, dee fir de Wäibau wichteg ass, bäibehale ginn.

Et ass genee fir esou Hannergrond-Informatiounen, dass d’Leit sech fir geféiert Wanderungen umellen. Ma och duerch den Austausch mat deenen anere Leit kéim een op nei Iddien.

Um Kanecher Wéngertsbierg gouf et ee vun den éischten Bio-Wéngerten zu Lëtzebuerg. Normalerweis kritt ee bei der Wanderung och Wäin oder Cremant ze schmaachen. Wéinst dem Alkoholverbuet an der Ëffentlechkeet ass dat den Ament net méiglech. Ma de Programm fir dës Saison gesäit och aner Wanderunge vir. Nieft de Wäinwanderunge ginn et och kulturell Touren duerch Gréiwemaacher oder Réimech an Ieselswanderungen zu Ohn.

Wéi dës Saison gëtt, läit natierlech un de Corona-Restriktiounen an den nächste Méint. Mat klengen Upassungen ass et den Ament awer méiglech, zesummen ze kommen an eppes Neies ze entdecken.