8 Deeg nom Doud vum Duke of Edinburgh gëtt e Samschdeg d'Trauerfeier an der St.-George's-Kapell ofgehalen.

Virun der Zeremonie gëtt de Sarg an der privater Kapell vum Schlass Windsor opgeboort. E Samschdeg um 15.45 Auer fänkt d'Pressessioun un. De Sarg gëtt an engem Land Rover bis bei d'St.-George's-Kapell bruecht. D'Kinneksfamill a Familljemembere vum Duke of Edinburgh wäerten hannert dem Won bis bei d'Kierch trëppelen.

Um 15.53 Auer gëtt de Sarg vun der Queen's Company, 1st Battalion Grenadier Guards, an d'Kierch gedroen. Si gi vun enger Band mat der Nationalhymn empfaangen. Duerno päift d'Royal Navy Piping Party nach 2 Lidder zu Éiere vum Verstuerwenen.

De Gottesdéngscht ass fir 16 Auer eiser Zäit virgesi mat enger nationaler Trauerminutt.

Wéinst der aktueller sanitärer Lag muss d'Zeremonie am klenge Krees organiséiert ginn. Just d'Queen Elizabeth II., enkst Familljememberen an de Privatsekretär vum Prënz Philip dierfe mat dobäi sinn. Duerch déi aktuell Coronamesurë si just maximal 30 Leit erlaabt. Jiddereen an der Kierch muss e Mond- an Nueseschutz unhunn an de Sécherheetsofstand muss stänneg agehale ginn.

Op der Gäschtlëscht stinn nieft der Queen och hir 4 Kanner, hir 8 Enkelkanner an deenen hir Fraen a Männer. De Prënz Harry kënnt aus den USA ugereest, seng schwanger Fra Meghan wäert allerdéngs feelen. Ausserdeem wäerten d'Kanner vun der verstuerwener Prinzessin Margaret an 3 Familljemembere vum Prënz Philip aus Däitschland mat dobäi sinn: De Bernhard Prënz vu Baden, de Prënz Heinrich Donatus an de Prënz Philipp vun Hohenlohe-Langenburg.

Déi ganz Trauerfeier gëtt e Samschdeg live op RTL.lu iwwerdroen.