Wat maachen an der Ouschtervakanz? Zu Lëtzebuerg kann een eleng oder an der Famill villes entdecken.

Esou zum Beispill de Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher. Wie keng Angscht virun dëse wonnerschéinen Insekten huet, dierf hei méi ewéi ee Päiperlek bewonneren. Mir ware bei den Pimpampelen a wollte wëssen, wat et do dann nach alles esou z'entdecke gëtt.