Elo also awer: Nach virun 1 Mount hunn d'Sängerin an den Ex-Baseball-Profi Rumeuren ëm hir Trennung dementéiert.

En Donneschden hunn d'Jennifer Lopez an den Alex Rodríguez dunn awer offiziell matgedeelt, dass si sech getrennt hunn. "Mir hu realiséiert, dass mir besser als Frënn fonctionéieren an hoffen, dat och ze bleiwen", hu si erkläert.

D'"J-Lo" an den "A-Rod" waren zanter Ufank 2017 eng Koppel, 2 Joer méi spéit hu si sech verloobt. Am Fong wollte si sech am Summer 2020 d'Jo-Wuert ginn, hunn d'Hochzäit wéinst der Pandemie awer verluecht. Am August hate si sech fir 32,5 Milliounen Dollar eng Villa op der kënschtlecher Insel Star Island zu Miami kaaft.

"Mir wäerte weider zesumme schafft en an eis géigesäiteg bei eise Projeten ënnerstëtzen", huet d'Koppel matgedeelt.