Am Live! Planet People goung et ëm Musek, Motorsport a Comedy.

Den Dan COURTE huet sech annerhalleft Joer Zäit gelooss, fir elo mam Album "Harakiri" als LeDé Milestone d'Musekszeen nees unzegräifen. De Songwriter, Interpret, Rapper a Schoulmeeschter huet scho mat 5 Joer Hiphop kennegeléiert. Mat 8 Joer stoung hien op der Bün an elo schléit hien nees zou. Wéi de Kënschtler selwer seet, zeechent de Projet sech engersäits duerch e Mix aus Hiphop, Dancehall, Reggaeton a Pop aus. Wat awer och direkt opfält, ass déi ganz eege Lyrik op Lëtzebuergesch. "Harakiri" bedeit fir de Museker eng perséinlech Liewensphas kombinéiert mat moderne Beats, op déi een danze kann.

RTL

Mam Noah LEQUEUX hu mer en ongeschlaffenen Diamant aus dem Lëtzebuerger Motorsport virun eis, deen den 18. Dezember seng 19 Joer feiert. 2005 souz de Jong vun Esch-Sauer eng éischte Kéier op engem "Pocket Bike" a 4 Joer méi spéit ass hien seng éischt Course gefuer, wou en direkt Zweete ginn ass. Déi lescht Joren huet hien et ëmmer méi dacks an Däitschland oder der Belsch op d'Träppche gepackt. Besonnesch seng Participatioun um Nürburgring am Alter vu 17 Joer bleift him a gudder Erënnerung. Dës Saison wëll hien elo an d'Top 5 fueren an huet de WE vum 30/04 säin éischten Asaz beim Eurospeedway Lausitzring an Däitschland.

RTL

Zanter 3 Joer geeschtert den Daniel Filipe MOUTINHO BERNARDO als Joss den Hellen duerch déi sozial Netzwierker an zielt iwwer sech a seng Famill. Dobäi war Comedy net déi éischt Optioun. 3 Joer laang war hien Member vum Grupp "1Spir" an huet 2015 eng Solokarriär ugestrieft. Erauskoumen eng Partie Lidder a Videoclippen bis hien 2019 de Joss den Hellen an d'Liewe geruff huet, deen zu allem säi Pefferkär bäisteiert. Deen neiste Projet zesumme mam Alex Monteiro gëtt eng Webserie ënnert dem Numm "Escalope" an hie freet sech wéi e Geck op d'Relance vun der "Lëtzebuerger Stand-Up Comedy "Open Bün" zu Péiteng.

RTL

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.