Wéi et schéngt, war d'Nofro wärend dem Lockdown nawell geklommen. Ma sou lues ginn de brittesche Gaardenzenteren d'Zwergen aus.

Dat soll zu engem gewëssen Deel och u Liwwerschwieregkeeten wéinst der deeglaanger Blockad am Suez-Kanal leien.

"Mir hu leider zanter 6 Méint kee Gaardenzwerg méi kritt", sot den Ian Byrne vum Gaardenzenter Highfield Garden World am westenglesche Gloucestershire der BBC. D'Nofro wier wärend dem Lockdown enorm an d'Luucht gaangen an et wier zu Enkpäss bei der Liwwerung vun de Rostoffer komm. Déi kleng faarweg Figure mat Baart ginn aus Plastik, Steen a Bëtong hiergestallt. Et géifen awer och ganz Zwergen a Containere festhänken, nodeems d'Containerschëff "Ever Given" deeglaang de Suez-Kanal blockéiert hat an de Schëffshandel doduerch a Verspéidung geroden ass.