Mat enger Trauerfeier an der St.-George's-Kapell gouf e Samschdeg dem Verstuerwenen Duke of Edinburgh geduecht.

Vill Londoner hate sech e Samschdeg de Mëtteg virum Buckingham Palace an der brittescher Haaptstad afonnt, fir an enger Gedenkminutt de verstuerwenen Duke of Edinburgh ze éieren. De Mann vun der Queen war zäitliewes, wäit iwwert en halleft Joerhonnert ewech, eng vun de Schlësselfigure vun der brittescher Monarchie.

Den Optakt vun der Gedenkfeier hat eng national Trauerminutt gemaach. Do virdru gouf de Sarg an der privater Kapell vum Schlass Windsor opgeboort. Mat Kanouneschëss a Klackelaude gouf d'Lued vum Prënz Philip op engem ëmgebauten oppene Land Rover bis an d'Kierch gefouert, wou se dann an der Grueft vun der Kinneksfamill ofgesat gouf. Den Duke of Edinburgh hat an de leschte 16 Joer selwer am Detail den Oflaf vu sengem Begriefnes geplangt. Bis hin zum Auto, dee seng Lued soll féieren an déi gréng Militär-Faarf, an där e lackéiert sollt sinn.

D'Queen war am staatleche Bentley ënnerwee. Si hat kuerz virdrun eng privat Foto gedeelt vun hir mat deem Mann, dee si 1947 bestuet hat, aus enger Vakanz a Schottland am Joer 2003.

RTL

© BUCKINGHAM PALACE/AFP/File/The Countess of Wessex

D'Trauerzeremonie selwer war am Schlass zu Windsor, westlech vu London, dem privaten Doheem vun de Royals, natierlech ouni Zougank fir de Public an och opgrond vun der Pandemie mat engem reduzéierte Contingent u Militär an Trauergäscht.

Op der Gäschtlëscht stoungen nieft der Queen hir 4 Kanner, hir 8 Enkelkanner an deenen hir Fraen a Männer. De Prënz Harry koum aus den USA ugereest, seng schwanger Fra Meghan huet allerdéngs gefeelt. Ausserdeem goufen d'Kanner vun der verstuerwener Prinzessin Margaret, de Privatsekretär vum Prënz Philip an 3 Familljemembere vum Duke of Edinburgh aus Däitschland agelueden: De Bernhard Prënz vu Baden, de Prënz Heinrich Donatus an de Prënz Philipp vun Hohenlohe-Langenburg.

An e Samschdeg de Mëtteg souz déi 94 Joer al Elizabeth II. eleng an der  St.-George's-Kapell am Beréng vum Schlass vu Windsor, wéi hire Mann begruewe gouf. De Prënz Charles vis-à-vis. Am Ganze hu just eng 30 Gäscht agelueden.

Aktivistin wollt Trauerfeier stiermen

Wärend der landeswäiter Trauerminutt ass eng plakeg Aktivistin a Richtung Statue vun der Queen Victoria gelaf an huet "Rett de Planéit" geruff. Si gouf vun der Police festgeholl. Bannent dem Schlass soll awer keen eppes vum Tëschefall matkritt hunn.