Mat hirer Campagne sammelt si Suen, fir d'Recherche ze finanzéieren an esou eventuell eng Kéier de Kampf géint de Kriibs ze gewannen.

Am Gaart schaffen an Zäit mam Mupp Silka verbréngen, dat si Saachen, déi d'Patty Lepage gäre mécht. Zanter knapps zwee Joer ass déi fréier Geschäftsfra elo an der Pensioun. Bis viru kuerzem huet si sech nach ëm hire Papp gekëmmert am Januar ass hien awer am Alter vu 90 Joer gestuerwen. Scho virun e puer Joer huet si hir Mam verluer, deemools u Kriibs. 1985 hat hir Mamm déi éischte Kéier d'Diagnos kritt. Do huet si de Kampf géint d'Krankheet awer gewonnen. 19 Joer drop ass et nees ausgebrach bis si am Alter vun 73 Joer gestuerwen ass.

D'Krankheet huet méi wéi ee Lach op de Familljefotoe vum Patty Lepage hannerlooss. An esou geet et ville Familljen. Och hire Monni hat mat 49 Joer Longekriibs, si selwer war 2007 och betraff. De Broschtkriibs konnt do awer mat enger Operatioun iwwerwonne ginn.

Ëmsou méi wichteg war et hir dofir, Sue fir d'Recherche géint déi Krankheet ze sammelen. 

"Ech denken, dass mir do einfach och musse kucken, dass mir do virukommen. Dass et ganz ganz wichteg ass, dass sou vill wéi méiglech gemaach gëtt. Well och wann ech déi Kanner gesinn an déi do betraff sinn. Dat ass jo schrecklech an et ass eng fléau vun eiser Zäit. An dofir musse mir kucken, dass mir vill Sue kréien."

An Zäiten, wou keng grouss Fester oder Eventer kënne sinn, ass et dacks schwéier, Sue fir de gudden Zweck esou ze sammelen, wéi nach déi Jore virdrun. D'Patty Lepage huet een Opruff an der Zeitung gemaach, wéi hire Papp an och d'Joer virdrun hir Tatta gestuerwe sinn. An sou sinn am ganzen 17.000 Euro zesummekomm. Elleng bei hirem Papp 11.000 Euro. Esou vill Suen hätt sech d'Patty Lepage och net erwaart.

"Sou hunn ech elo just mäin Deel bäigemaach, ech hu mech elo net voll agesat an elo ee Benevolat gemaach hunn. Mä dat do war mir elo wichteg, dass ech do awer elo sou konnt sammelen, well dëst Joer schonn näischt am Télévie geschitt ass. Och alt wéinst der Pandemie. An, dass ech denken, dass si och alt all Su brauchen."

Fir d'Patty Lepage war et ee klenge Geste, sou konnten awer nach eng Kéier vill Suen zesummekommen an do gespent ginn, fir eng Cause, déi hir wichteg ass. Am Kampf géint de Kriibs.

Serie "Am Asaz fir d'Gesellschaft"

Deel 1: De Portrait vum Paul Prussen vun der Asti

Deel 2: Am klengen Duerf Eesebuer gëtt et e grousst Communautéitsgefill

Deel 3: De Portrait vum Monique Berg vun "Médecins du Monde"

Deel 4: De Portrait vum Maria Grazia

Deel 5: De Portrait vum Siggy Koenig