Zanter engem Joer héiert een ëmmer erëm vu mol méi, mol manner groussen Enkpäss bei ënnerschiddlechste Produiten.

Wie sech zum Beispill en neie Vëlo wollt kafen, deem dierft dat net entgaangen sinn. An och bei munche Kaffismaschinnen, Staubsauger oder Imprimanten hat een dacks net de gewinnte Choix. Mat de verännerte Gewunnechte vun de Konsumenten, dem Lockdown an dem Homeoffice koum d'Produktioun respektiv d'Ausliwwerung net méi no. A produzéiert gëtt virop vill an Asien, an Europa manner, wat och säin Impakt op de Wuereverkeier tëscht de Kontinenter an de Präis vun dësem huet. D'Präisser bei de Containeren hunn sech verduebelt. D'Blockad vum Suez-Kanal duerch d'Schëff Ever Given hat do natierlech net gehollef. Zouliwwerer fir vill wichteg Baudeeler sëtzen uechtert d'ganz Welt, an do läit en Deel vum Problem. Wat bei de Vëloen dacks feelt, fir se kënnen auszeliwweren, sinn zum Beispill Schaltungen, déi virop vun engem groussen Hiersteller a Japan gemaach ginn. Ma fir d'Elektronik- an d'Automobil-Branche ass déi aktuell Situatioun nach vill méi ugespaant. Well do feelen d'Chippen, heichentwéckelt mikroelektronesch Baudeeler, déi sougenannten Halbleiter. Eng ganz Partie Constructeuren hu souguer scho missen d'Produktioune stoppen, déi modern Gefierer brauchen déi kleng mä ganz wichteg Stécker, an Chippe gi just vun enger Handvoll Firmaen op der Welt gemaach, well dat ass nawell zimmlech komplex an opwänneg.

D'Waardelëschte si laang, Smartphone, Laptop, souguer Frigohiersteller hunn Enkpäss. Prominentst Beispill ass déi wuel mëttlerweil raarsten awer fuschnei Videokonsol, déi kaum méi ze kréien ass, obwuel se am November eréischt erauskoum. Den Chipmangel wierkt sech awer och op medezinesch Apparater aus, déi elo och net kënnen ausgeliwwert ginn.

Den amerikanesche President Joe Biden huet de Problem viru puer Deeg zur Chefsaach erkläert a grouss Milliarden Investissementer am eegene Land annoncéiert. Déi asiatesch Chiphiersteller virop am Taiwan wëllen och massiv ausbauen. Mä bis do déi éischt Chippen ausgeliwwert kënne ginn, brauch et. Donieft spillt och de Boom vun den neie Kryptowärungen eng Roll bei dëser Penurie. D'Pandemie ass net eleng Schold un der Situatioun, wéi mer am Reportage méi genee weisen.