Hie gëllt als den italieneschen Robinson Crusoe. Ma säi Liewen eleng op enger Insel ass elo eriwwer.

Hie gëtt dem Drock vun den Autoritéiten an och de Schwieregkeeten op der Insel an op Séi no a wäert an noer Zukunft seng Insel verloossen, fir an e klengt Appartement ze plënneren, schreift "The Guradian".

Den 81 Joer ale Morandi huet 32 Joer op der Insel Budelli virun de Küste vu Sardinien an der Corse gelieft. 1989 ass hien op d'Insel komm, well hie Problemer mat sengem Catamaran hat. Op der Insel ukomm koum hien an d'Gespréich mat der Persoun, déi op d'Insel oppasst. Well dës a Pensioun wollt goen, huet de Morandi säi Plang, mam Catamaran an de Südpazifik ze seegelen opginn a sech op der Insel néiergelooss, fir d'Aarbecht ze iwwerhuelen.

Zanterhier lieft de Morandi an engem ale Bunker, deen am zweete Weltkrich opgeriicht gouf. Hie wëll um Enn vum Mount d'Insel verloossen a gëtt esou dem Drock vum La Maddalena National Park no, déi zanter 2016 d'Insel managen. Hei sollen an Zukunft Leit iwwert d'Natur ënnerriicht ginn.

Hien hofft, datt an Zukunft sech nees eng Persoun fënnt, déi d'Insel Budelli esou ka beschützen, wéi hien dat gemaach huet. Ënner anerem huet hie sech ëm d'Natur- an Déierewelt gekëmmert, huet Weeër an der Rei gehalen an Touristen, déi geleeëntlech op d'Insel koumen, den Ecosystem erkläert.

Zanter dat bekannt gouf, datt d'Autoritéiten de Morandi vun der Insel wëll kréien, gouf et Petitiounen mat dausenden Ënnerschrëften, fir dëst ze verhënneren. Vill fäerten elo, wou de Morandi fort ass, datt d'Insel wäert zerstéiert ginn. Si hu souguer d'Bewunner vun der méi grousser Insel La Maddalena, wou de Morandi wäert hiplënneren, dozou opgeruff, géint dës Ongerechtegkeet ze rebelléieren.